INDOOR session

Dir gitt geschwënn Elteren? An e puer Méint ass ee méi an der Famill? Dir wëllt dës eenzegaarteg Zäit op eng ganz individuell an besonnesch Aart a Weis festhalen fir éiweg eng Erënnerung un är Schwangerschaft ze hunn? Mat menger Erfarung, menger Kreativitéit an menger Suergfalt maachen mer dat zesummen méiglech. Iwwert di letzten Joren hunn ech mech duerch Europa an d’USA mat enger ganzer Rei un Workshopen, Atelieren an Masterclassen op een vun mengen perséinlechen Liiblingen aus der Fotografie, nämlech d’Maternité Photographie konzentréiert. Nieft den Detailer an den Sets well ech eis gemeinsam Momenter am Studio ganz der “Mommy to be” widmen. Si soll sech suwuel als Fra wéi och als zukünfteg Mamm an hirem Kierper gutt a schéin fillen an stolz sinn op sech an hire Baby Belly. Net nëmmen eis gemeinsam Decisiounen zum Make up an dem Hairstyling maachen de Moment genau zu ärem, och meng perséinlech Sammlung un Räck stellen ech fir d’Auswiel zur Verfügung. Gemeinsam sichen mir den perfekten “Match” aus mengem Kleederschaf eraus deen eng Sammlung vun Räck, Body’en an Accessoiren vun Designer a Kreateuren aus der ganzer Welt ëmfaasst, dëst am Wäert vun iwwer 8000 Euro.

Bei der Indoor Session kennt der bis zu 4 Outfits eraussichen fir all Facette vun iech an Ärer Schwangerschaft festzehalen.

Vum casual Jeanslook iwwert de Glamourrack bis hin zu den Dessousen an der Nu-Fotografie fannen mir dat wat ärem Gout, ärem Befannen an äre Virstellungen entsprécht.

Den Daddy to be ass welcome fir eis ze begleeden an fir mat op déi eng oder aner Foto.

 

Op de social Medias, entdeckt der wahrscheinlech och reegelméisseg méi extravagant Schwangerschaftsfotoen vun mir. Falls dir en extra Wonsch hutt, wie z.B

Aeriel Pose (vun uewen leiend geknipst)

am Blummefeld an Ënnerwäsch

Blatgold oder Glitzer um Baby Belly

Alles ass méiglech soulaang et laang genuch am Virfeld beschwat gëtt, fir dass ech iech eng individuell Offer kann maachen an alles fir iech virbereeden kann

Indoor Photoshoot with 4 different sets/dresses

Make up

Hairstyling

Pregnancy Dresses & Accessorize Rental service

total time 90 min

ALL photos on USB Stick

10 high quality retouched digital photos (colored & black/white)

price 369.- €


Facebook Instagram Email

Copyright © 2018 Powder Lounge S.à.r.l. / 00352 621 264422 / info@powderlounge.lu

IMPRESSUM / Datenschutzerklärung