OUTDOOR session

Dir gitt geschwënn Elteren? An e puer Méint ass ee méi an der Famill? Dir wëllt dës eenzegaarteg Zäit op eng ganz individuell an besonnesch Aart a Weis festhalen fir éiweg eng Erënnerung un är Schwangerschaft ze hunn? Mat menger Erfarung, menger Kreativitéit an menger Suergfalt maachen mer dat zesummen méiglech. Iwwert di letzten Joren hunn ech mech duerch Europa an d’USA mat enger ganzer Rei un Workshopen, Atelieren an Masterclassen op een vun mengen perséinlechen Liiblingen aus der Fotografie, nämlech d’Maternité Photographie konzentréiert. Nieft den Detailer an den Sets well ech eis gemeinsam Momenter am Studio ganz der “Mommy to be” widmen. Si soll sech suwuel als Fra wéi och als zukünfteg Mamm an hirem Kierper gutt a schéin fillen an stolz op sech an hire Baby Belly sinn. Net nëmmen eis gemeinsam Decisiounen zum Make up an dem Hairstyling maachen de Moment genau zu ärem. Och meng perséinlech Sammlung un Räck stellen ech fir d’Auswiel zur Verfügung. Gemeinsam sichen mir den perfekten “Match” aus mengem Kleederschaf eraus deen eng Sammlung vun Räck, Body’en an Accessoiren vun Designer a Kreateuren aus der ganzer Welt ëmfaasst, dëst am Wäert vun iwwer 8000 Euro.

Dir kennt iech do dat passend eraussichen. Zesummen mat der passender Location kreéieren mir dann eng Storytelling Photosession. Beim Outdoor Pregnancy Shoot entstinn sou méi fräi Fotoen, mei natirelch Biller, wie dir sidd an är Schwangerschaft erlieft. Dëse Shooting as besonnesch flott zesummen mat ärem Partner oder wann schonns e grousse Brudder oder eng grouss Schwëster do ass fir mat op d’Fotoen. Fir de Brudder an d’Schwëster ass en Shooting an der fräier Loft an der Natur, wou een och emol lafen kann an net ëmmer poséieren muss, och en flott Erliefnis.

Nodeems mer eis en Outfit zesummen erausgesicht hunn fuere mer op eng Location an der Emgeigend vun Feschbësch, wou mer dann är individuell Geschicht erzielen …..

Blattgold oder Glitzer um baby Belly

Da scxhreiwt mer des am Firfeld, soumat ech die neideg Preparatiounen kann machen. Gàren kann ech iech eng Offer machen, fir àr speziell Wensch ze erfellen.

Outdoor Storytelling Photoshoot with one outfit

Make up

Hairstyling

Pregnancy Dresses & Accessorize Rental service

total time 115 min

ALL photos on USB Stick

14 high quality retouched digital photos (colored & black/white)

price 369.- €


Facebook Instagram Email

Copyright © 2018 Powder Lounge S.à.r.l. / 00352 621 264422 / info@powderlounge.lu

IMPRESSUM / Datenschutzerklärung