INDOOR session

Dir gitt geschwënn Elteren? An e puer Méint ass ee méi an der Famill? Dir wëllt dës eenzegaarteg Zäit op eng ganz individuell an besonnesch Aart a Weis festhalen fir éiweg eng Erënnerung un är Schwangerschaft ze hunn? Mat menger Erfarung, menger Kreativitéit an menger Suergfalt maachen mer dat zesummen méiglech. Iwwert di letzten Joren hunn ech mech duerch Europa an d’USA mat enger ganzer Rei un Workshopen, Atelieren an Masterclassen op een vun mengen perséinlechen Liiblingen aus der Fotografie, nämlech d’Maternité Photographie konzentréiert. Nieft den Detailer an den Sets well ech eis gemeinsam Momenter am Studio ganz der “Mommy to be” widmen. Si soll sech suwuel als Fra wéi och als zukünfteg Mamm an hirem Kierper gutt a schéin fillen an stolz sinn op sech an hire Baby Belly. Net nëmmen eis gemeinsam Decisiounen zum Make up an dem Hairstyling maachen de Moment genau zu ärem, och meng perséinlech Sammlung un Räck an Accesoiren stellen ech fir d’Auswiel zur Verfügung. Gemeinsam sichen mir den perfekten “Match” aus mengem Kleederschaf eraus deen eng Sammlung vun Räck, Body’en an Accessoiren vun Designer a Kreateuren aus der ganzer Welt ëmfaasst, dëst am Wäert vun iwwer 10000 Euro.

Bei der Indoor Session kennt der bis verschidden Outfits eraussichen fir all Facette vun iech an Ärer Schwangerschaft festzehalen.

Vum casual Jeanslook iwwert de Glamourrack bis hin zu den Dessousen an der Nu-Fotografie fannen mir dat wat ärem Gout, ärem Befannen an äre Virstellungen entsprécht.

Mee net nemmen dat, och de Make up an Hair styling iwwerhuelen ech, soumat dir iech em neicht brauch ze kemmeren. An als Highlight, kritt der och na ALLEGUERTEN Fotoen op ärem USB Stick.

Op de social Medias, entdeckt der wahrscheinlech och reegelméisseg méi extravagant Schwangerschaftsfotoen vun mir. Falls dir en extra Wonsch hutt, wie z.B

am Blummefeld an Ënnerwäsch, an der Bidden

Blatgold, Glitzer oder Spetz mat Blummen um Baby Belly

Alles ass méiglech soulaang et laang genuch am Virfeld beschwat gëtt, fir dass ech iech eng INDIVIDUELL OFFER kann maachen an alles fir iech virbereeden kann.

  • glam mom
  • 549.-

  • special moment for YOU
  • mommy to be shooting / No family shooting
  • different Outfits
  • Make up
  • Hairstyling
  • Pregnancy Dresses & Accessorize Rental service
  • 10 high quality retouched digital photos
  • ALL photos on your Powderlounge stick in a souvenir box
  • UPGRADE
  • 149.-

  • OUTDOOR session
  • 4 more retouched photos

nei Packagen ab de Buchungen vun Oktober 2022 un

Privacy Settings
We use cookies to enhance your experience while using our website. If you are using our Services via a browser you can restrict, block or remove cookies through your web browser settings. We also use content and scripts from third parties that may use tracking technologies. You can selectively provide your consent below to allow such third party embeds. For complete information about the cookies we use, data we collect and how we process them, please check our Privacy Policy
Youtube
Consent to display content from - Youtube
Vimeo
Consent to display content from - Vimeo
Google Maps
Consent to display content from - Google