
The NextChapter
Newborn — nei geduecht
Dat klassescht Newborn-Shooting gëtt et bei mir net méi.
Net well ech et net gär hat. Mä well ech an de leschte Jore gutt nogelauschtert hunn: dir wënscht iech eppes aneres. Méi Kontakt, méi Emotiounen, méi Storytelling — an déi éischt Zäit mat ärem Neigebuerenen einfach a Rou doheem verbréngen.
Äere Feedback ass fir mech Gold wäert — all eenzelt Wuert kënnt bei mir un. Genee dofir änneren ech mäi Konzept a sinn grad am Gaang, un eppes ganz Neiem ze schaffen. An ech ka just soen: et gëtt eppes ganz Besonnesches.
Soubal et fäerdeg ass, gitt dir et hei als éischt gewuer — an op Instagram an am Newsletter souwisou. 🤍
Bis dohinner
Dës Sessioune ginn et elo schonn.
Pregnancy
The Becoming
Fir déi Zäit, wou aus dir eng Mamma gëtt — festgehalen, sou schéin wéi se ass.
Entdecken →Mommy & Baby
Before You Grow
Du an däi Butz — déi éischt Zäit zesummen, ier se ze séier laanscht ass.
Entdecken →Boudoir
Dear Me
E Moment nëmme fir dech — feminin, staark a fräi. Och no der Gebuert.
Entdecken →
