01
Virdrun
Mir schwätzen weis du dir deng Session firstells — iwwer Faarwen, Kleeder an dat wat s du dir wënschs. Du kriss vun mir eng kleng Lëscht, méi brauchs du net.
Mom & Me · Lëtzebuerg
Mom & Me Sessions
Du hues Dausende Fotoen vun dengem Kand.
An op wéi ville sidd dir zwee zesummen drop?


Firwat
Ech kennen d’Äntwert schonn.
Bal keng.
Well du bass déi, déi d’Foto mécht. Ëmmer.
An wann eng Kéier een d’Kamera op dech riicht, dann denks du: net haut. Meng Hoer. Déi puer Kilo. Wann ech nees méi Zäit hunn.
Mä däi Kand kuckt dech net esou un. Fir hie bass du einfach Mamma. Waarm, sécher, alles.
Am Studio brauchs du näischt matbréngen ausser dech. Hair & Make-up maachen ech. D’Kleeder hunn ech do — Mohair, Seid, Ton-an-Ton. Ech soen dir wéi’s du dech setzen sollst, wéi’s du hie hale sollst. Du muss just do sinn.
Keng steif Posen. Kee „Cheese“. Just dir zwee, lässeg an easy.

Before you grow
D’Ärem ginn eng Kéier ze kleng. De Kapp leet sech net méi op deng Schëller.
An deen ee Moment, wou dei Butz nach an dech erakrabbelt an einfach do bleift — dee kënnt net zréck.
D’Serie
Studio · 2026

















Wéi et ofleeft
01
Mir schwätzen weis du dir deng Session firstells — iwwer Faarwen, Kleeder an dat wat s du dir wënschs. Du kriss vun mir eng kleng Lëscht, méi brauchs du net.
02
Hair & Make-up maachen ech. D’Kleeder sinn prett fir dech do. Ronn zwou Stonnen, ganz relax — mat Paus fir de Butz wa se se brauchen.
03
Deng Galerie kënnt online. Du wiels deng Fotoen eraus an kris Fotoen, wei gewinnt, natirlech alleguerten um Stick heem bei dech. Wels du se direkt entweeckelt, an enger Rumm oder soss eng schein Errenerung — dest mache mir ganz gaer fir dech.
Deng Session · All-in
749 €
Keng verstoppte Käschten. Wat s du gesäis, ass wat s du bezills.

Du hues de Beweis, dass dat hei wierklech esou war. 🤍
Book your session

Copyright © 2021 Powder Lounge S.à.r.l. / 00352 621 474701 / info@powderlounge.lu
IMPRESSUM / Datenschutzerklärung


