01
De Scan
Relax um Turntable — 3 × 5 Minutten, méi net. Duerno wiele mir zesummen Stil, Faarf a Sockel aus.
3D Skulpturen · Lëtzebuerg
You, becoming art
Néng Méint, déi et just eng eenzeg Kéier ginn.
Mir maachen e Konschtwierk draus.


Firwat
Däi Kierper.
Deng Konscht.
Eng Foto fänkt e Moment. Eng AIONIA-Skulptur fänkt dech — deng Formen, deng Rondungen, dat klengt Wonner ënnert dengem Häerz — als Skulptur, déi s du fir ëmmer an den Hänn hale kanns.
Ech scanen dech live bei mir am Studio, mat modernster 3D-Technologie. An duerno gëtt all Skulptur mat vill Léift handgemaach fäerdeg gestallt — Stéck fir Stéck, Detail fir Detail.
Keen Ofdrock, kee Gips, kee Stress. Just du — an e puer Minutten Zäit.
Als zäitlost Stéck fir däin Doheem — oder als ganz besonnesche Kaddo fir deng Léifsten.

Aionia
Well dës Zäit ni erëmkënnt.
Mä d’Erënnerung un si — déi kanns du fir ëmmer behalen.
D’Skulpturen
Stil & Faarf no Wonsch




De Scan
3 × 5 Minutten.
Méi brauch et net.
Du stells dech ganz relax op en Turntable, deen sech lues dréint — an ech scanen dech mat enger spezialiséierter 3D-Kamera. Dat Ganzt dauert ongeféier dräimol fënnef Minutten.
Am schéinste gëtt d’Skulptur, wann s du plakeg gescannt gëss — natierlech decke mir alles Wichtegt of. Alternativ geet och e klengen String oder eppes Änleches, wat een dono un der Figur gesäit. A bréng eppes Bequeemes fir unzedoen mat, dat dech net andréckt — sou bleiwen keng Ofdréck op der Haut.
Duerno siche mir zesummen däi Stil an deng Faarf aus, sou datt d’Skulptur perfekt an däin Doheem passt. Musteren dierfs du der ganz a Rou am Studio ukucken.
Wéi et ofleeft
01
Relax um Turntable — 3 × 5 Minutten, méi net. Duerno wiele mir zesummen Stil, Faarf a Sockel aus.
02
Ech verschaffen däi Scan um Computer bis an de leschten Detail. Dono gëtt gedréckt — eleng dat dauert bis zu 24 Stonnen — a mat der Hand fäerdeg verfeinert.
03
No 4–6 Wochen ass däi Konschtwierk prett. Brauchs du et bis zu engem bestëmmten Datum? So mer et fréi genuch — da kucke mir, ob et méiglech ass.
Investment
14 cm
199 €
Kompakt an elegant — déi kleng, fein Erënnerung.
18 cm
249 €
De perfekte Mix aus Eleganz a Präsenz.
24 cm
299 €
Imposant a majestéitesch — d’Highlight an all Raum.
All Skulptur gëtt an denger Wonschfaarf gemaach. Op Ufro gëtt et och eng gegosse Bronze-Variante (Patina), déi am Feier mat flëssegem Metall gegoss gëtt — gär ginn ech der dozou méi Infoen.
Wëlls de e klengen Upgrade fir nach méi Style? Do passt e Sockel perfekt. D’Präisser dofir weisen ech der gär am Studio — de Stock ännert ëmmer, sou datt alles ganz individuell bleift.


Copyright © 2021 Powder Lounge S.à.r.l. / 00352 621 474701 / info@powderlounge.lu
IMPRESSUM / Datenschutzerklärung


