BEFORE YOU GROW – Mom & Me
Powderlounge

Mom & Me · Lëtzebuerg

BeforeYouGrow

Mom & Me Sessions

Du hues Dausende Fotoen vun dengem Kand.
An op wéi ville sidd dir zwee zesummen drop?

Mamm am gro-bloe Satin mat hirem Baby um Aarm
Baby um Aarm vun der Mamm, Géigeliicht um Fënster

Firwat

Ech kennen d’Äntwert schonn.
Bal keng.

Well du bass déi, déi d’Foto mécht. Ëmmer.

An wann eng Kéier een d’Kamera op dech riicht, dann denks du: net haut. Meng Hoer. Déi puer Kilo. Wann ech nees méi Zäit hunn.

Mä däi Kand kuckt dech net esou un. Fir hie bass du einfach Mamma. Waarm, sécher, alles.


Am Studio brauchs du näischt matbréngen ausser dech. Hair & Make-up maachen ech. D’Kleeder hunn ech do — Mohair, Seid, Ton-an-Ton. Ech soen dir wéi’s du dech setzen sollst, wéi’s du hie hale sollst. Du muss just do sinn.

Keng steif Posen. Kee „Cheese“. Just dir zwee, lässeg an easy.

Hand vun der Mamm op der Hand vum Baby

Before you grow

D’Ärem ginn eng Kéier ze kleng. De Kapp leet sech net méi op deng Schëller.

An deen ee Moment, wou dei Butz nach an dech erakrabbelt an einfach do bleift — dee kënnt net zréck.

Wéi et ofleeft

01

Virdrun

Mir schwätzen weis du dir deng Session firstells — iwwer Faarwen, Kleeder an dat wat s du dir wënschs. Du kriss vun mir eng kleng Lëscht, méi brauchs du net.

02

Am Studio

Hair & Make-up maachen ech. D’Kleeder sinn prett fir dech do. Ronn zwou Stonnen, ganz relax — mat Paus fir de Butz wa se se brauchen.

03

Duerno

Deng Galerie kënnt online. Du wiels deng Fotoen eraus an kris Fotoen, wei gewinnt, natirlech alleguerten um Stick heem bei dech. Wels du se direkt entweeckelt, an enger Rumm oder soss eng schein Errenerung — dest mache mir ganz gaer fir dech.

Deng Session · All-in

749 €

  • Mommy & Baby Session am Studio
  • Hair & Make-up a Styling abegraff
  • 15 Fotoe professionell retouchéiert — Mix faarweg a Schwaarz-Wäiss
  • ALL deng Fotoen — och déi net retouchéiert — um USB-Stick, iwwerreecht an enger edler Këscht

Keng verstoppte Käschten. Wat s du gesäis, ass wat s du bezills.

Baby un der Broscht vun der Mamm

An um Enn hues du net einfach Fotoen.

Du hues de Beweis, dass dat hei wierklech esou war. 🤍

Book your session
Privacy Settings
We use cookies to enhance your experience while using our website. If you are using our Services via a browser you can restrict, block or remove cookies through your web browser settings. We also use content and scripts from third parties that may use tracking technologies. You can selectively provide your consent below to allow such third party embeds. For complete information about the cookies we use, data we collect and how we process them, please check our Privacy Policy
Youtube
Consent to display content from - Youtube
Vimeo
Consent to display content from - Vimeo
Google Maps
Consent to display content from - Google