DEAR ME – Boudoir
Powderlounge

Boudoir · Lëtzebuerg

DearMe

Boudoir Sessions

Du suergst fir jiddereen.
Wéini hues du fir d’lescht just un dech geduecht?

Silhouette an Dessous virun der heller Dier, Schwaarz-Wäiss
Fra am wäisse Corset, Tattooen, direkte Bléck

Firwat

E Bréif un dech selwer.
A Biller.

Du suergst fir jiddereen. D’Famill, de Job, d’to do Lëschten. An du selwer stees ganz hannen op denger eegener Lëscht.

An dann, iergendwann, kucks du an de Spigel an denks: wou sinn ech eigentlech gebliwwen?

Eng Boudoir-Session ass keng Foto fir soss een. Et ass eng Erënnerung un dech selwer: Ech sinn nach do. An ech si schéin — genee sou wéi ech sinn.


Bei mir brauchs du keng Modell-Erfarung a kee „perfekte“ Kierper — dee brauch keen. Hair & Make-up maachen ech, ech guidéieren dech duerch all Pose, an tëschenduerch gëtt gelaacht. Versprach.

Als Iwwerraschung virun denger Hochzäit. Fir däi Kierper nei ze feieren no der Gebuert. Fir e ronne Gebuertsdag. Oder einfach — just fir dech.

Fra vun uewen um Bett, wäiss Placken, Schwaarz-Wäiss

Dear me

Ech sinn nach do.

Heiansdo brauch een e Bild, fir sech drun ze erënneren.

Upgrade

Léiwer dobaussen?
Maache mer.

Boudoir muss net ëmmer Studio sinn. Als Upgrade zu denger Session fuere mir zesummen eraus an d’Natur — gëllent Hierschtliicht, mëlle Pullover, Wand an den Hoer.

Aner Stëmmung, selwecht du. Frow einfach no der Outdoor-Optioun wann s de buchs.

Waarme Portrait mat Hierschtblat a Stréckpullover

Wéi et ofleeft

01

Virdrun

Mir schwätzen am Vertrauen iwwer deng Wënsch an deng Grenzen — du entscheets wat gewise gëtt a wat net. Dessous, Hiem, Duch oder just Luucht a Schied: alles ass richteg.

02

Am Studio

Hair & Make-up maachen ech. Duerno guidéieren ech dech Pose fir Pose — du muss näischt kënnen, just do sinn. Ganz privat, ganz relax, ganz ouni Drock.

03

Duerno

Deng Galerie kënnt online — privat, nëmme fir dech. Du wiels deng Favorits aus fir de Retouch. An dobei kennt nach: hei gëtt et keng Auswiel-Quälerei: du kriss all deng Fotoen — alleguerten, bequem per Download-Link. Wells du der eng an enger Rumm oder als Album — dest mache mir ganz gaer fir dech.

Deng Session · All-in

498 €

  • Hair & Make-up abegraff
  • 10 Fotoe professionell retouchéiert — Schwaarz-Wäiss
  • ALL deng Fotoen — och déi net retouchéiert — bequem per Download-Link

Keng verstoppte Käschten. Wat s du gesäis, ass wat s du bezills.

Fra um Buedem leiend, Héich Schong am Virdergrond, Schwaarz-Wäiss

Du brauchs kee Grond. Du bass de Grond.

Feminin. Staark. Fräi. 🤍

Book your session
Privacy Settings
We use cookies to enhance your experience while using our website. If you are using our Services via a browser you can restrict, block or remove cookies through your web browser settings. We also use content and scripts from third parties that may use tracking technologies. You can selectively provide your consent below to allow such third party embeds. For complete information about the cookies we use, data we collect and how we process them, please check our Privacy Policy
Youtube
Consent to display content from - Youtube
Vimeo
Consent to display content from - Vimeo
Google Maps
Consent to display content from - Google