
Christmas
All Joer nei — Family & Kids am festleche Setting.
Special · Lëtzebuerg
Special Events & Projects
Du hues eng Iddi am Kapp?
Ech gesi se schonn als Bild.


Firwat
All Bild
dréit eng Message.
No all deene Joren hannert der Kamera weess ech eppes ganz sécher: eng gutt Foto weist net just, wéi een ausgesäit. Si erzielt eppes. Eng Stëmmung, e Gefill — eng Geschicht, déi een ouni Wierder versteet.
Genee dat ass mäi Metier. An dat hält bei mengen Sessionen net op.
Op dëser Säit fanns du alles, wat net an eng Schluff passt: meng Themen-Events, déi e puer Mol am Joer stattfannen — a speziell Projeten, déi mir zesummen entwéckelen.
Events
Vun der Christmas-Session am festlech dekoréierte Studio, iwwer Mommy & Me Themen-Shootings, bis bei Sessionen op ganz besonneschen Outdoor-Locatiounen: meng Events si kleng, perséinlech a bis an de leschten Detail virbereet.

All Joer nei — Family & Kids am festleche Setting.

Themen-Editiounen — ëmmer anescht, ëmmer voller Léift.

Outdoor-Sessionen op Plazen, déi eppes ze erziele hunn.
D’Datummer an d’Themen annoncéieren ech op Instagram an am Newsletter — an éierlech: d’Plaze si meeschtens ganz séier fort. 😉

Picture this
Eng Foto ka soen, wat Wierder net packen.
A genee dofir maachen ech dat hei: Biller, déi e Message droen.

Special Projects & Business
Deng Iddi.
Meng Erfarung.
Du hues e Projet am Kapp, deen et esou nach net gëtt? Eng Iddi, déi aus der Rei danzt? Komm domat bei mech — ech sinn ëmmer op fir Neies.
An och fir däi Business: Portraiten, déi weisen, wien s du bass. Biller fir deng Marque, déi net no Stockfoto ausgesinn — mä no dir.
No all deene Jore weess ech, wéi een eng Iddi an e Bild iwwersetzt — a wéi een eng Message esou verpackt, datt se ukënnt.
Aus menger Lens




Wéi et ofleeft
01
Schéck mer deng Iddi per WhatsApp — e puer Wierder, wat s du der virstells, gär och mat Beispillbiller.
02
Mir schwätzen driwwer, ech schaffen e Konzept aus — Location, Styling, Stëmmung — an du kriss eng kloer Offer.
03
An dann maache mir aus denger Iddi Biller, déi genee dat soen, wat s du wëlls. Mat Häerz a mat Plang.


Copyright © 2021 Powder Lounge S.à.r.l. / 00352 621 474701 / info@powderlounge.lu
IMPRESSUM / Datenschutzerklärung


