01
Virdrun
Mir schwätzen am Vertrauen iwwer deng Wënsch an deng Grenzen — du entscheets wat gewise gëtt a wat net. Dessous, Hiem, Duch oder just Luucht a Schied: alles ass richteg.
Boudoir · Lëtzebuerg
Boudoir Sessions
Du suergst fir jiddereen.
Wéini hues du fir d’lescht just un dech geduecht?


Firwat
E Bréif un dech selwer.
A Biller.
Du suergst fir jiddereen. D’Famill, de Job, d’to do Lëschten. An du selwer stees ganz hannen op denger eegener Lëscht.
An dann, iergendwann, kucks du an de Spigel an denks: wou sinn ech eigentlech gebliwwen?
Eng Boudoir-Session ass keng Foto fir soss een. Et ass eng Erënnerung un dech selwer: Ech sinn nach do. An ech si schéin — genee sou wéi ech sinn.
Bei mir brauchs du keng Modell-Erfarung a kee „perfekte“ Kierper — dee brauch keen. Hair & Make-up maachen ech, ech guidéieren dech duerch all Pose, an tëschenduerch gëtt gelaacht. Versprach.
Als Iwwerraschung virun denger Hochzäit. Fir däi Kierper nei ze feieren no der Gebuert. Fir e ronne Gebuertsdag. Oder einfach — just fir dech.

Dear me
Ech sinn nach do.
Heiansdo brauch een e Bild, fir sech drun ze erënneren.
D’Serie
Studio · Boudoir



Upgrade
Léiwer dobaussen?
Maache mer.
Boudoir muss net ëmmer Studio sinn. Als Upgrade zu denger Session fuere mir zesummen eraus an d’Natur — gëllent Hierschtliicht, mëlle Pullover, Wand an den Hoer.
Aner Stëmmung, selwecht du. Frow einfach no der Outdoor-Optioun wann s de buchs.

Wéi et ofleeft
01
Mir schwätzen am Vertrauen iwwer deng Wënsch an deng Grenzen — du entscheets wat gewise gëtt a wat net. Dessous, Hiem, Duch oder just Luucht a Schied: alles ass richteg.
02
Hair & Make-up maachen ech. Duerno guidéieren ech dech Pose fir Pose — du muss näischt kënnen, just do sinn. Ganz privat, ganz relax, ganz ouni Drock.
03
Deng Galerie kënnt online — privat, nëmme fir dech. Du wiels deng Favorits aus fir de Retouch. An dobei kennt nach: hei gëtt et keng Auswiel-Quälerei: du kriss all deng Fotoen — alleguerten, bequem per Download-Link. Wells du der eng an enger Rumm oder als Album — dest mache mir ganz gaer fir dech.
Deng Session · All-in
498 €
Keng verstoppte Käschten. Wat s du gesäis, ass wat s du bezills.



Copyright © 2021 Powder Lounge S.à.r.l. / 00352 621 474701 / info@powderlounge.lu
IMPRESSUM / Datenschutzerklärung


