JUST US – Couple
Powderlounge

Couple · Lëtzebuerg

JustUs

Couple Sessions

Wéini hat dir déi lescht Foto zesummen —
op där net ee vun iech den Handy hält?

Koppel mat Motorradshelmen, Stir u Stir, Schwaarz-Wäiss
Koppel beim Sonnenënnergang, Stir u Stir laachend

Firwat

Net poséiert.
Einfach dir zwee.

Dir hutt honnerte Selfien. Vakanz, Restauranten, Sonnenënnergäng. Ëmmer datselwecht: een Aarm ausgestreckt, Käpp zesummen, klick.

Mä eng richteg Foto vun iech zwee — sou wéi dir wierklech sidd, mat ärem Laachen, ärer Rou, ärer Verrécktheet — déi hutt dir net.

Genee dofir sinn ech do 😉


Bréngt dat mat, wat iech ausmécht. Mir shooten dobaussen — är Session gëtt ronderëm är Geschicht geplangt.

Als After-Wedding an ärem Hochzäitsgezei. Fir är Verlobung. Fir e Jubiläum. Oder einfach well dir iech gär hutt — dat geet duer.

Kuss op der Moto virum Owendhimmel

Just us

Léift ass keng Pose.

Dofir gëtt bei mir och net poséiert. Dir laacht, dir danzt, dir hält iech — an ech halen et fest.

Wéi et ofleeft

01

Virdrun

Mir schwätzen iwwer är Iddi: Location, chic oder lässeg, roueg oder voller Action. Dir kritt vun mir eng kleng Lëscht, méi braucht dir net.

02

Beim Shooting

Keng steif Posen — ech guidéieren iech mat klengen Aufgaben, an dat wat dobäi entsteet, ass echt. Tëschenduerch gëtt gelaacht. Ëmmer.

03

Duerno

Är Galerie kënnt online. Dir wielt är Favoritten eraus — an ob Rumm, Album oder Ofzich: dat maache mir ganz gär fir iech.

Är Session · All-in

599 €

  • Outdoor-Session
  • Make-up & Hair abegraff
  • 15 Fotoe professionell retouchéiert
  • ALL är Fotoen — och déi net retouchéiert — um USB-Stick, iwwerreecht an enger edler Këscht

Keng verstoppte Käschten. Wat s du gesäis, ass wat s du bezills.

Well „mir zwee“ méi ass wéi e Selfie.

Just us. 🤍

Book your session
Privacy Settings
We use cookies to enhance your experience while using our website. If you are using our Services via a browser you can restrict, block or remove cookies through your web browser settings. We also use content and scripts from third parties that may use tracking technologies. You can selectively provide your consent below to allow such third party embeds. For complete information about the cookies we use, data we collect and how we process them, please check our Privacy Policy
Youtube
Consent to display content from - Youtube
Vimeo
Consent to display content from - Vimeo
Google Maps
Consent to display content from - Google